Emol Scout ... ëmmer Scout ...

LGS Stengefort –  St. Hubert / Ste. Bernadette

Wëllkomm op eisem Site

D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten allgemeng

 

D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten sinn de gréissten edukative Jugendmouvement zu Lëtzebuerg. Eis Missioun ass et, déi Jonk dorop virzebereeden, spéiderhi Responsabilitéit fir sech a fir aneren z’iwwerhuelen. An deem Sënn bidden eis motivéiert Fräiwëlleg de Jonken en oppene Kader, wou jiddereen aktiv matmaachen a matbestëmmen dierf.

Fir mech, fir dech, fir eis, fir jiddereen

Zesummen a Gruppe kann all Eenzelne flott Erfahrunge maachen, Frëndschafte schléissen, sozial Fäegkeete léieren an sech perséinlech weider entwéckelen. Bei den LGS léieren déi Jonk d’Natur ze respektéieren, iwwer sech selwer an hiert Ëmfeld nozedenke fir sech spéider aktiv, och fir aneren, anzesetzen.

LGS Stengefort – eise Grupp

Mir sinn den LGS Scoutsgrupp aus der Gemeng Stengefort an Ëmgéigend. Zesummen treffe mir eis all Woch bei eisem Chalet fir zesummen Aktivitéiten ze ënnerhuelen.  Des Aktivitéiten si jeeweils un den Alter vun eise Memberen ugepasst a sollen souwuel Spaass maache wéi Wäerter vun de Scouten a Wësse vermëttelen. Doriwwer eraus treffe mir eis zweemol am Joer, eemol am Summer, eemol am Wanter fir Campen an organiséieren Fester an Aktivitéiten an a ronderëm Stengefort. Sou zum Beispill e Buergbrennen an eng Scoutskiermes.

Eis Branchen

Eis Memberen ginn dem Alter no a Gruppen, sougenannte Branchen opgedeelt. D’Branchen si meeschten vunenee getrennt, sinn awer  net 100% vuneneen isoléiert an ënnerhuelen och mol Aktivitéiten zesummen. Sief et Ausflich, Campen oder Versammlungen.

Aktuell hu mir bei den LGS Stengefort 4 aktiv Branchen:

 

Interesséiert?

Mir freeën eis iwwer all neie Member a beäntwerte gären weider Froen.