CaraPio

Carapio sin Jonker am Alter vun 14 bis 16 Joer

Ganz vill Wäert gëtt geluecht op Matbestëmmung, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéie vun Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d’Matverantwortung an den Engagement groussgeschriwwe ginn. Am Laf vum Joer ginn 1-2 Weekender geplangt, an den Héichpunkt vum Joer ass e Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland ass a wou am Zelt geschlof gëtt.Mir probéieren eis Versammlunge fir déi Jugendlech sou flott ewei méiglech ze gestalten, an dobäi steet Spaass un éischter Stell. Och op Weekender, Sortien an um alljäerleche Summercamp erliewe mir onvergiesslech Momenter zesummen.

Eis Versammlungen sin Samstegs vun 14Auer bis 16Auer

Den Resposable Chef vun den CaraPio zu Stengefort ass den GEORGES BOSSELER (georgesbosseler@gmx.net)