Wëllef

Wëllef sin Jonker am Alter vun 8 bis 11 Joer

Si entdecken, fuerschen, léieren, schléisse Frëndschaften,….an dat alles bei eis an de Versammlungen. Mir maachen allerhand interessant Aktivitéiten, ginn zesummen op Sortien an op 2-3 Weekender. Den Héichpunkt vum Scoutsjoer ass de Summercamp; dat ass ëmmer e super Erliefnis. Do schlofe mir 4 Nuechten hei am Land an engem flotte Chalet. Nach méi kuerz a knackeg gesot, léieren d‘Kanner an de Wëllefcher ganz elementar Wäerter kennen: Solidaritéit, Verantwortung, Hëllefsbereetschaft, Matgefill, Geschécklechkeet, a.s.w.

Eis Versammlungen sin Sanstegs vun 14Auer bis 16 Auer

Responsabelen Chef ass den Christian Giersch giersch@pt.lu